On charge la page..

Annulez le préchargement

Bienvenue sur notre site

40 route de Longwy // L-4830 Rodange

Chargement Évènements

« Tous les Évènements

  • Cet évènement est passé

Assemblée générale 2023

18. janvier 2023 @ 20:00 - 22:00

Dir Dammen,

Dir Hären,

D’Chorale „Sänger vun der Bich“ invitéieren Iech häerzlechst op hir

Uerdentlech Generalversammlung

déi de Mëttwoch den 18. Januar 2023 um 20 Auer

am Musekssall um 1. Stack am Centre Culturel zu Rodange stattfënnt.

Ob der Dagesuerdnung stinn:

  1. Begréissung duerch d ’Präsidentin;
  2. Aktivitéitsbericht 2022;
  3. Keessebericht 2022;
  4. D’Wuert vun de Keesserevisoren;
  5. WieI vun de Keeserevisoren;
  6. Walen vum Conseil d’Administration:

D’Madamm Sandrine Picquoin demissionéiert aus perséinleche Grënn als Vize-Präsidentin.
Da dëst déi Éischt Assemblée générale ass, säit mer eis nei Statutten um LBR deposéiert hunn an ganz onofhängeg vun der Chorale Ste Cécile schaffen, sinn am Conseil d’Administration nach 4 Posten fräi, da laut eise Statutten bis zu 9 Memberen am Conseil d’Administration kënnne sinn.

D ’Madamm Mandy Wagener-Mehling, aktuell scho Member vum Conseil d’administration huet scho fir de Posten vun der Vize-Präsidentin kandidéiert. Zousätzlech sinn nach 3 Posten als Member vum Conseil d’Administration fräi.

All Persoun, wou fir de Posten als Vize-Präsident(in) oder Member vum Conseil d’Administration kandidéieren well, kann dëst nach bis virum Ufank vun der Assemblée Générale maachen. Dir kënnt äre Formulaire fir d ’Kandidatur och gären per E-mail op info@svbd.lu ufroen.
Wichteg ze Wëssen ass, dass der vir dësen Posten laut dem Artikel 7 vun eise Statutten fir 2 Joër gewielt sidd

  1. Programm fir 2023;
  2. D’Wuert vun der Dirigentin vun de „Sänger vun der Bich“;
  3. D’Wuert vun den Éieregäscht;
  4. D’Schlusswuert vun der Präsidentin.
  5. D’Chorale offréiert de Gäscht op der Assemblée Générale ee Patt

Mir freeën eis, Iech op eiser Generalversammlung begréissen ze kënnen.

Fir de Conseil d’Administration

 

Nathalie Goedert
Présidente de la Chorale « Sänger vun der Bich »

 

Détails

Date :
18. janvier 2023
Heure :
20:00 - 22:00
Catégorie d’Évènement:

Organisateur

Chorale “Sänger vun der Bich”

Lieu

Centre Culturel Rodange
81 Av. Dr Gaasch
Rodange, 4818 Luxemburg
+ Google Map

leave a comment


40 route de Longwy // L-4830 Rodange